Amazon-aStore Clicks-counter
Home arrow Spillooflaaf Mittwoch, 08 September 2010
Spillooflaaf Print
Written by alain   

Hei en kurzen Resumé iwwert Spill:

Den Spillplang

En fixen Spillplang gët ët bei 'Die Siedler von Catan' (kuerz SvC) NET. Den Spillplang setzt sech jo aus eenzelnen Hexfelder (6-ecker) zesummen, sou dat all Partie aanescht ass.
Déi eenzel (BASIS) Hexfelder sin:

BëschLehmWeesWeedErzWüstweider Informatiounen

Bësch

Lehm 

Wees 

Weed 

Erz 

 Wüst

 

Wifill Hexfelder am Spill gebraucht gin hänkt vun der Zuel vun den Spiller an vun der gespilltener Versioun / Variant / Szenario oof. Gehaalen gët daat ganzt an enger Rumm di sech jeh no Bedarf zesummenbauen lisst.

Zuelenchips

All Hexfeld (ausser Wüst) kritt een Zuelenchip (vun 2-6 an 8-12). Dësen Zuelenchip ass noutwendeg fir Rohstoffer ze erhaalen. D'Zuel um Chip représentéiert nämlech den Wierfelworf deen vun den 2 Wierfelen 'geworf' gouf. Gët z.B. eng 3 an eng 5 gewierfelt, sou zielen déi Hexfelder déi en Chip mat enger 8 hun.
Hun ech un esou engem Feld (mat der Nummer 8) eng Siedlung stoen, sou kréien ech 1 Rohstoff vun deem Feld - hätt ech eng Stad do stoen, giff ech 2 Rohstoffer kréien.

Bësch mam Chip 8ZUELZUELZUELZUELZUELZUELZUELZUELZUELZUEL

Spillfiguren

Nodeems de Spillplang fäerdeg ass an all Hexfeld en Zuelenchip huet kënnt een un d'Startphase. Den 1. Spiller riicht seng éischt Siedlung an Strooss op. D'Siedlung gët op eng Kräizung tëscht 3 Hexfelder gestallt. D'Strooss geet vun däer Siedlung aus an leeft tëscht 2 Hexfelder.

 Siedlung

 Strooss

Sieldung

Strooss 

Huet den läschten Spiller séng Siedlung an Strooss gebaut, so duerf hien direkt nach eng 2. Siedlung an Strooss bauen. Dono geet et den Tour zeréck - sou dat den 1. Spiller séng 2. Siedlung an Strooss als Läschten baut.

Elo gin Rohstoffer vun der 2. Siedlung un di betreffend Spiller ausgedeelt. Hätt z.B. den Spiller eng Siedlung op eng Kräizung tëscht Bësch, Lehm an Weed gestallt sou giff hien 3 Kaarten kréien. Dëst wären: 1x Holz, 1x Lehmzigel an 1x Woll.
wieder Detailer zu den Rostoffer fënnt een hei.

Am Spill

Den Spillooflaaf ass einfach: Mat 2 Wierfelen wierfelen, dono di betreffend Rohstoffer verdeelen, den Spiller deen um Tour ass duerf mat deenen Aaneren handelen (ech gin der 2 Lehm wanns du mer 1 Holz gëss), dann duerf den Spiller deen um Tour ass nach bauen oder kaafen (Entwëcklungskaarten).

Bauen kann een entweder eng Siedlung op enger neier Kräizung (et mussen awer ëmmer 1 Kräizung fräi bleiwen zu enger aanerer Siedlung resp. Staad), eng nei Strooss oder et kann een aus enger Siedlung eng Staad bauen wir di duebel Zuel vun Rohstoffer ze kréien. Gët nach mat der Erweiterung 'Seefahrer' gespillt kann een amplatz enger Strooss och nach en Schëff bauen. Bei 'Städte & Ritter' kommen nach Festungsmaueren an Ritter dobäi.

 Staad

 Schëff

Ritter 

Staad

Schëff

 Ritter

Eng 7 gët gewierfelt

Wann ech Zuelenchips duerchkucken, fällt mer op dat ët keen Chip mat der Nummer 7 gët. Dëst ass deen Wierfelworf wou den Reiber (an den Séireiber wann een mat den 'Seefahrer ' spillt) aktiv gët. Mä nët nëmmen daat. Ier iergendeppes geschidd muss emol all Spiller kucken op hien nët villäicht méi wéi 7 Kaarten an der Hand huet - ass daat den Fall MUSS hien Halschent vun séngen Kaarten oofgin. Dann ass ët nach un deem Spiller deen 7 gewierfelt huet, fir den Reiber op en (Land-) Hexfeld ze setzen fir dëst ze blokéieren. Dëst heescht dat ab elo daat Hexfeld näischt méi oofgëtt wann séng Zuel gewierfelt gët, bis dat erëm een eng 7 wierfelt an den Reiber op en aanert Hexfeld setzt.

Spillënn

Fir ze gewannen geet ët ëm Punkten ze sammelen. Gewonnen huet deen, deen als Eischten di néideg Punkten huet (Eng gebauten Siedlung ass 1 Punkt wäert, eng Stad der 2,...). Em wivill Punkten dat ët geet hänkt ëmmer vun der Variant / Szenario / Erweiterung oof di een spillt. Basisspill gewënnt een mat 10 Punkten.

 

Wien ass online

We have 8 guests online

Amazon.de Marktplatz

Joomla! is Free Software released under the GNU/GPL License. - design by masterhomepage.ch